Den FC Hansa Rostock as den 28. Dezember 1965 gegrend gin, huet säin Uersprong awer am Erzgebirge. D’Oberligamannschaft Empor Lauter gouf 1954 no Rostock delegéiert an huet den 14. November 1954 virun 17000 Spektateuren géint Chemie Karl-Marx-Stadt (0:0) daat éischten Oberligapunktspill am Ostseestadion bestridden. D’Grénnung vum F.C. Hansa Rostock huet awer allerdéngs réischt 11 Joer méih spéit den 28. Dezember 1965 am Kultursall vun der »Deutschen Post« zu Rostock stattfond.
Dräimol goufen d’Hanseaten DDR-Vizemeeschter, fénnef mol stongen sie an der Final em den DDR-Pokal. 1991 goufen sie NOFV-Pokalsieger, Meeschter vun der Oberliga Nordost an doropshin an die 1. Foussball- Bundesliga agegliddert. Mee an der Saison 1991/92 verzeechent den FC Hansa Rostock säin éischten an bis elo eenzegen Bundesligaoofstieg. Bis an d’Saison 1994/95 konnten sech die Norddäitsch an der 2. Bundesliga etabléieren an hun dun an der Saison énnert dem Erfolegstrainer Frank Pageldorf den souveränen Opstieg an déi hechsten däitsch Spillklass gepackt. Säit der Bundesligasaison 1995/96 spillen d’Hanseaten elo am ningten Joer um Stéck an deser Eliteliga, am Ablack énnert dem Cheftrainer an Frank Pagelsdorf.
Am Moment ziélt den Traditionsveräin vun der Warnow mat den Veräinsfaarwen wäiß a blo 3 700 Memberen. Den aktuellen Haaptsponsor as »KiK Textilien und Non-Food GmbH« an d’Amt vum Präsident as derzäit mam Dirk Grabow besaat. D’Spillstätt vum FC Hansa Rostock as den 30 000 Spektateuren faassenden Ostseestadion un der Kopernikusstraße.
| Adress | FC HANSA ROSTOCK e. V. Trotzenburger Weg 14 18057 Rostock |
| Erfolleger | Meeschter Oberliga Nordost: 1991 DDR-Vizemeeschter: 1962, 1963 1964, 1968 NOFV-Pokalsieger: 1991 DDR-Pokalfinalist: 1955, 1957, 1960, 1967, 1987 DFB-Haalemeeschter: 1998 |
| Gegrénd | Den 28. Dezember 1965 |
| Virstandsvirsetzenden | Dirk Grabow |
| Opsichtsrotvirsétzenden | Prof. Dr. Horst Klinkmann |
| Manager | Herbert Maronn |
| Cheftrainer | Frank Pagelsdorf |
| Veräinsdokteren | Dr. Frank Bartel, Dr. Holger Strubelt |
| Physiotherapeuten | Peter Meier, Frank Scheller |
| Veräinsfaarwen | Wäiß a blo |
| Spillstätt | Ostseestadion Rostock (30 000 Spektateuren) |
| Memberen | circa 3 700 |
Den Ostseestadion zu Rostock as d’Spillstätt vum Bundesligisten FC Hansa Rostock. Den 30 000 Spektateuren faassenden Foußballstadion gouf am Joer 2001 renovéiert an zu enger moderner Arena emgebaut.
| Num | Ostseestadion |
| Baujoer | 1954 |
| Fir d’lescht renovéiert | 2001 |
| Spillfeld | 80 x 120 m |
| Faassungsverméigen | 30 000 (all iwwerdaacht) |
| Sétzplaatzen | 20 000 |
| Stéihplaathen | 10 000 |
| VIP-Logen | 26 (circa 28m² / Loge) |
| Servicer | Eng multifunktionaal Videowand am Südtribünendaach; 18 Verkaafskiosken, 5 Fanartikelstänn; 7000m² Promenaden, geeegent fir Foiren, Eventer |
| Parkméiglechkeeten | Direkt beim Stadion baal keng |
| Bedraiwer | Ostseestadion GmbH & Co.KG Kopernikusstrasse 17c 18057 Rostock |
Übersetzt von Dirk Burghardt